Noruff op den Remy Dickes

Ween huet « eise Remy » net kannt. Hien wor keen vun den „groussen“ Leefer aus dem CAD awer hien wor emmer derbai als Strooseleefer an och bei den laangen Strecken op der Piste wou hien den Senior-Masters-Champion wor.

Seng Gesondheet huet him fréi een Strech duerch d’Liewen gemeet an dofir stoung hien net emmer op der sonneger Säit am Liewen. Awer sain Wëllen huet him seng Stärkt am Sport bruecht. Hien wor op allen Stroosencoursen gär gesinn, an haat souguer „seng“ Course zu Mondorf um Campéng.

An der Statistik vum Iechternacher Marathon ass hien deen eenzegen Leefer deen all d'Editiounen matgelaf ass. Dest Joër wor hien mat den CAD's Athleten op den Stage an Italien wou hien obgeblitt wor.

Leider huet seng Gesondheet hien nees ennerkritt an kuerz virun dem Marathon Event huet hien eis am Alter vun 65 Joër fir ëmmer verlooss.

De Remy am Oktober 2006, bei der Feier vun
sengem 30. Tour de Dudelange...
... an de Kuch deen et dësen Owend zum
Beschten gouf.

Muer Mettwoch, den 23. Mee um 14.00 Auer, ass d'Begriefniss vum Remy um Kiierfesch zu Diddeléng. Em 18.15 Auer ass d'Mass zu Diddeleng an der Poorkiirch.


last update: 22.05.2007
by Jean-Claude, Jean and Claude