Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

Worfmeeting zu Zéisseng. Season Opener. Gutt Wierf am Hummer. Landesrekord am Gewiicht. Esou hat d’Nadine Kremer seng Outdoor Saison 2024 lancéiert. Leschte Weekend huet hat dëst 1 zu 1 widderholl. Mat 48m94 am Hummer kann hat zefridden si mat enger neier PB vun 16m15 am Gewiicht nach méi. Domat steigert hat anengems säin eegene Landesrekord […]

Den CAD war de Weekend ganz staark um Postlaf vertrueden, dee gläichzäiteg de Championnat war fir den 10km Stroosselaf. Eis Leefer hunn hir Participatioun mat ville Beschtleeschtunge belount. Hei fannt dir d’Resultater. D’Woch virdru waren der och e puer um Spiridon Run matgelaf als Generalprouf. Dës war besonnesch fir d’Laura an de Samy erfollegräich, déi […]

Véier vun eisen Nowuess Athlete goufen am Februar fir de Match International Jeunes Indoor an de Kategorien U14 an U16 selektionéiert. 60m Hürden (U16m): Julien Edmond John SCHMIT 1000m (U16m): Gabriel DE MENEZES CARVALHO Wäitsprong (U16f): Sophie FOLSCHEID Héichsprong (U14f): Caroline Kyra SANDT Beim Match International Jeunes Indoor hunn sech 10 Equippen aus der Groussregioun […]

Eis CAD Athlete waren den 23 Februar prett fir de Rendez-vous vun der Saison. Um Championnat goufen eng Partie nei Beschtleeschtungen opgestallt an deementspriechend och Medaile mat ob Diddeleng bruecht. D’Resultater sinn hei. GOLD Lara Marx (Perche) Jon Bourscheid (Héichsprong) SELWER Noémie Pleimling (Kugel) Mia Bourscheid (Héichsprong) Roy Michel (Perche) Olivier Caron (Kugel) BRONZE Hannah […]

47. Tour de Dudelange Informatiounen zur Course Datum: Sonndes, 30. Mäerz 2025 Uert: John F. Kennedy Stadion, Diddeleng Distanz: 10 km, asphaltéiert Stroossen an deelweis Bëschweeër

Um Jugendchampionnat Enn Januar hunn net nëmme vill vun eise jonken Athlete matgemaach, si hunn och gewise wat si kennen. Déi meescht gi mat neie Beschtleeschtungen heem a vill sinn op d’mannst an enger Disziplin ob de Podium geklommen. All d’Resultater fannt dir hei. 🥇 1. Plaz Laura Zeimet – Dräisprong Mia Bourscheid – Héichsprong Hannah Back – […]

Ob an de Leef, de Wierf oder de Spréng, eis Athlete sinn a Form a stelle lauter nei PBs ob de Regio Meetinger ob. Hei fannt dir d’Resultater: Regio Meeting 2 (05.01.2025) Regio Meeting 3 (11.01.2025) © Harry Daemen

Club Sponsors