Member ginn?

Wéi kann ech Member ginn?

Wéi kann ech Athlet am Klub ginn?

Folgend Alterskategorien ginn zu Lëtzebuerg an der Liichtathletik benotzt:

5-6 Joer : Ludique
7-8 Joer : Benjamin
9-10 Joer : Debutant(e)
11-12 Joer : Scolaire
13-14 Joer : Minime
15-16 Joer : Cadett(te)
17-18 Joer : Junior
19-20 Joer : Espoir
22 Joer an driwwer : Senior

Mäer huelen Kanner ab 5 Joer an en halleft un.

Virumeldung online duerch Matdeelen vun:

– Numm a Virnumm
– Gebuertsdatum a Gebuertsuert
– Geschlecht
– Nationalitéit(en)
– Foto
– Telefonsnummer
– Postadress
– E-Mail vum Sportler (optional)
– E-Mail-Adresse vun der Persoun déi umellt
– Telefonsnummer vum Tuteur fir Mannerjäreger
– Numm, Virnumm vum Tuteur fir Mannerjäreger
– Geschwate Sproochen (opt.)

No dëser Virumeldung recommandéieren mäer en Trainingstest an e Gespréich bei dëser Geleeënheet.

Däer kënnt entweder eng Fräizäitlizenz (license loisir) oder eng Wettkampflizenz (licence compétition) ufroen.

Mat der Wettkampflizenz kënnt Däer un de verschiddenen nationalen Meeschterschaften (Strooss, Cross Country, Piste an Hal) deelhuelen. Däer musst e Médico sportif bestoen. De Rendezvous gëtt vum Veräin organiséiert.

Mat der Fräizäitlizenz braucht Der kee Médico sportif ze passéieren an Däer kënnt just op Stroosseleef deelhuelen. Eng Fräizäitlizenz kann op einfach Ufro hin an eng Wettkampflizenz ëmgewandelt ginn, ënnert der Bedingung, datt e Médico sportif bestanen gouf. De Wiessel vun enger Wettkampf- an eng Fräizäitlizenz ass nëmmen an der Period tëscht dem 16. an dem 31. Oktober méiglech.

A béide Fäll si Der iwwert de Lëtzebuerger Liichtathletikverband (FLA, Fédération Luxembourgeoise d’Athlétisme) verséchert.

Mäer wëllen drop opmierksam maachen datt déi järlech Members-Kotisatioun obligatoresch ass, fir d’Umeldung als Athlet ze bestätegen. D’Members-Kotisatioun berechtegt Iech zu enger Lizenz, enger Versécherung an zu engem obligatoreschen Dossard bei Kompetitiounen.

Ech hunn d'CAD Dateschutzpolitik gelies a stëmmen der Collecte an der Veraarbechtung vu menge perséinlechen Daten zou

Wéi kann ech Member ginn?
Einfach andeems Däer eis Äre Numm, Virnumm, Adress, e-Mail (opt.) gitt, an Däer déi järlech Members-Kotisatioun bezuelt. Däer kritt op järlecher Basis eng Memberskaart.

Kontaktformular: