Sëlwer a Bronze ob der Coupe de Luxembourg
Mat ville talentéierte jonke Athletinnen an Athleten, staarke Leeschtungen, groussem Teamgeescht a vill Motivatioun ass et der Härenekipp vum Cercle Athlétique Dudelange gelongen, déi 3. Plaz, an den Dammen déi 2. Plaz op der Coupe de Luxembourg ze erreechen.
E grousse BRAVO fir déi exzellent Leeschtungen, de staarke Zesummenhalt an déi positiv Stëmmung an der Ekipp!
Um Enn vun dësem erfollegräiche Weekend kënne mir eis als eenzege Veräin aus dem Süden iwwert zwou Podiumsplazen freeën – eng staark Leeschtung!
E grousse MERCI geet och un eis Trainerinnen an Trainer fir hiren onermiddlechen a benevollen Asaz – ouni si wier dësen Erfolleg net méiglech gewiescht.