Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

  • 31/12/2024
    • 41. Sylvesterlaf41. SylvesterlafTime: 14:10
      Rambrouch

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

De 15. Januar ware fir déi éischte Kéier Jugendmeeschterschaften an de Kategorien U16 bis U20 an der Coque. Dominéiert huet eis Jugend virun allem am Héichsprong. Bei de Jonge ware mir an all Kategorie um Podium. De Jon Bourscheid gouf den 1. an der Kategorie U20 mat 1m89. De Luca Costantini huet sech mat neier […]

Och eis Jéngst waren den éischte Weekend vum Joer schonn um Start. Hei eis Top10 Plazéierungen vum 1. Challenge Tageblatt fir 2023. Héischsprong U14m: 9. Julien Schmit (1m25) 10. Gabruel De Menezes Carvalho (1m20) 60m U14f: 2. Liah Melanda (8,83 Sek.) 7. Laura Zeimet (9,03 Sek.) Wäitsprong U14f: 3. Laura Zeimet (4m06) Kugel U14m: 5. […]

2023 ass ugaangen, wéi 2022 opgehalen huet : Mat Meetinger an der Coque. De 7. Januar stoung de Regio Meeting 3 um Programm – de leschten Test virum Jugendchampionnat de Weekend drop. Sprong D’Mia Bourscheid (1m63) an d’Lena Do Carmo (1m50) hunn hir Form am Héichsprong getest. D’Lena Do Carmo (4m67) an d’Carla Bellucci (4m64) hunn […]

Offiziel Resultater Schwéier Wiederbedingungen dëse Nomëtteg um 5. Cross-Country vun der Saison, awer eng gutt Participatioun an erem vill Zuschauer. No dem ville Reen vun de läschten Deeg war den Terrain immens déif an technesch. Vereenzelt Reeschauer hunn e puer Coursen nach méi schwiereg gemaach. An enger Ried an an enger Gedenkminutt gouf och dem […]

Jean Lorang

14/01/2023

Den CAD huet e Samschdeg 14.01.2023 an de fréie Moiesstonnen ee vu sengen treisten an engagéiertste Membere verluer. De Lorang’s Jang huet säi leschte Kampf verluer, an huet eis fir ëmmer verlooss. Wann een de Veräin als Haus betruecht, dann huet de Jang sécherlech dat ganzt, oder zumindest e groussen Deel vum Fundament duergestallt. Zanter de 60er […]

Cross-Country Le’h Laf Informatiounen zur Kompetitioun Datum: Sonndes, 15. Januar 2023 Start: 13:00 Uert: Parc Le’h, Diddeleng Vestiairen: John F. Kennedy Stadium, Diddeleng Sekretariat: “Waldschoul” am Parc Le’h, Diddeleng

Dezember ass traditionell den Ufank vun der Indoor Saison mat den éischte Regio Meetinger. Hei e kuerze Réckbléck iwwer eis Athleten déi sech an den Top10 placéiert hunn. Regio Meeting 1 (17.12.22) 21 CAD Athleten aus allen Altersklassen hunn direkt bei der éischter Occasioun d’Chance ergraff an hunn sech op der Piste presentéiert. Besonnesch gelongen ass dëse Start am […]

Club Sponsors