Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

  • 14/06/2025
  • 15/06/2025
  • 20/06/2025
    • 5. GIO Run5. GIO RunTime: 19:30
      rue de Cessange, Leudelange
  • 21/06/2025
    • Relais du coeur en mémoire de Bénédicte ReisRelais du coeur en mémoire de Bénédicte ReisTime: 10:00
      Stade Josy Barthel, 1 Rue du Stade, Luxembourg
    • Challenge Tageblatt 4Challenge Tageblatt 4Time: 13:00
      RBUAP
      Ettelbruck, Stade Am Deich
    • Championnats Relais (courts et longs)Championnats Relais (courts et longs)Time: 18:30
      RBUAP
      Ettelbruck, Stade Am Deich

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

Net nëmmen dëse Weekend, och schonn de leschte war Match International Jeunes an der Coque. D’Jugend U14 an U16 hat lëscht Woch de Virtrëtt. Duerch déi drëtt Plaz bei den U14 an enger éischter bei den U16 konnt Lëtzebuerg sech géint déi 9 aner Equipen duerchsetzen an huet am Gesamtklassement gewonnen. Den CAD war mat folgenden Athlete vertrueden: Liah Melanda, […]

Esou séier kann et goen : Den Highlight vun der Wantersaison ass nom Championnat de Weekend schonn eriwwer. Eis CAD-Athlete sinn a 6 verschiddenen Disziplinnen ugetrueden an hunn 1x Gold, 7x Selwer an 3x Bronze mat heem bruecht. Besonnesch erfollegräich ware mir dobäi traditionell am Héichsprong an am Kugelstoussen, souwuel bei de Männer wéi och bei de Fraen. Hei […]

Den Donneschden huet d’Gemeng Diddeleng seng Sportler geéiert. Seng Sportler, déi 2022 Champion gi sinn an och verschiddener, déi deelweis super Leeschtungen am Ausland bruecht hunn. Och den CAD war ageluede mat enger Partie Athleten : Hummer: Isabeau Pleimling a Gilles Lorang Speer: Noémie Pleimling, Lilly Gerhard a Melvin Spoden Kugel: Nadine Kremer a Lilly Gerhard Diskus: […]

45. Tour de Dudelange / 10km Stroosselafmeeschterschaften Informatiounen zur Course Datum: Sonndes, 19. Mäerz 2023 Uert: John F. Kennedy Stadion, Diddeleng Distanz: 10 km, asphaltéiert Stroossen an deelweis Bëschweeër

21.01.2023 Een Titel geet net duer. Dat soten sech de Jon an d’Mia Bourscheid wou se mat hirem däitsche Veräin am Héichsprong bei de Saarlänneschen Haalemeeschterschaften ugetrueden a jeeweils mat der Goldmedaile erëm heem gefuer sinn. De Jon souguer mat enger PB vun 1m91. 28.01.2023 Och beim leschte Regio Meeting waren eis Athleten um Start. De Luca […]

De 15. Januar ware fir déi éischte Kéier Jugendmeeschterschaften an de Kategorien U16 bis U20 an der Coque. Dominéiert huet eis Jugend virun allem am Héichsprong. Bei de Jonge ware mir an all Kategorie um Podium. De Jon Bourscheid gouf den 1. an der Kategorie U20 mat 1m89. De Luca Costantini huet sech mat neier […]

Och eis Jéngst waren den éischte Weekend vum Joer schonn um Start. Hei eis Top10 Plazéierungen vum 1. Challenge Tageblatt fir 2023. Héischsprong U14m: 9. Julien Schmit (1m25) 10. Gabruel De Menezes Carvalho (1m20) 60m U14f: 2. Liah Melanda (8,83 Sek.) 7. Laura Zeimet (9,03 Sek.) Wäitsprong U14f: 3. Laura Zeimet (4m06) Kugel U14m: 5. […]

Club Sponsors