Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

  • 14/06/2025
  • 15/06/2025
  • 20/06/2025
    • 5. GIO Run5. GIO RunTime: 19:30
      rue de Cessange, Leudelange
  • 21/06/2025
    • Relais du coeur en mémoire de Bénédicte ReisRelais du coeur en mémoire de Bénédicte ReisTime: 10:00
      Stade Josy Barthel, 1 Rue du Stade, Luxembourg
    • Challenge Tageblatt 4Challenge Tageblatt 4Time: 13:00
      RBUAP
      Ettelbruck, Stade Am Deich
    • Championnats Relais (courts et longs)Championnats Relais (courts et longs)Time: 18:30
      RBUAP
      Ettelbruck, Stade Am Deich

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

Haut ass eng grouss a motivéiert Ekipp vum CAD um läschten Challenge Tageblatt vun der Saison ugetrueden.

De Weekend (17+18.09.2022) war de leschte grousse Rendezvous-vous vun der Saison : D’Coupe des Dames an d’Coupe du Prince. Eis Dammen hunn Samschdes gutt virgeluecht an trotz deziméierter Equipe vu just 14 Athletinnen eng excellent zweete Plaz gemaach mat 9.393 Punkten. Qualitéit ass nu emol meeschtens méi wäert wéi Quantitéit. Déi komplett Resultater fannt dir hei : https://www.laportal.net/Competitions/Details/8060 […]

Haard Trail 2022

19/09/2022

12. Haard Trail Informatiounen zur Course Datum: Samschdes, 29. Oktober 2022 Start: 15:00 Uert: Naturpark Haard & Annexe Alliance Sportshal, Diddeleng-Italien

De Weekend hunn sech virun allem d’Werfer Rendezvous zu Dikrech ginn. De Ulass vum Benny Michel Mémorial war een trauregen, ëmsou méi erfreelech war et, dass och e puer pensionéiert an Net-Werfer et sech net huele gelooss hunn dem Benny zu Éieren eng Kugel oder en Diskus an d’Hand ze huelen. Diskus: Pleimling Noémie: 43m09 Habscheid Tom : 38m52 Michel […]

… dat hunn d’Lili Lamesch an den Tom Habscheid de Weekend beim internationale Meeting zu Schëffleng. D’Lili huet vun der staarker Konkurrenz profitéiert an ass mat 12,01 Sekonnen eng nei perséinlech Beschtleeschtung op den 100m gelaf. Den Tom gouf mat 12m01 den Drëtten am Kugelstoussen hannert dem Bob Bertemes an dem Tschech Tomas Stanek, dee mat 21m94 […]

Eist Mia huet d’Lëtzebuerger a CAD Faarwen d’lescht Woch op den olympesche Jugendspiller zu Banská Bystrica an der Slowakei héich gehalen. An der Héichsprong Qualifikatioun ass hat mat Liichtegkeet am éichten Versuch iwwer all Lat gesprongen, huet seng Beschtleeschtung vun 1m70 egaliséiert an sech domat fir d’Final den Dag drop qualifizéiert. An dëser konnt hat […]

Bei de Jugend Landesmeeschterschaften Ufank des Mounts (2, 9 an 10 Juli 2022) hunn eis Jonk eng Partie Medaillen gewonnen : 1. Plaz 🥇 Melvin Spoden Stabhéischsprong, Speer Carla Bellucci Speer Luca Costantini Wäitsprong, Héischsprong Lilly Gerhard Speer, Diskus, Kugel Carla Bellucci, Mia Bourscheid, Lena Do Carmo, Claire Schlentz-Klein 4*100m Cadettes 2. Plaz 🥈 Carla Bellucci […]

Club Sponsors