Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

  • 31/01/2026
    • Meeting Regio 4Meeting Regio 4Time: 13:00
      Coque Sport Center, 2 Rue Léon Hengen, Luxembourg
  • 01/02/2026
    • Kids Cup CAEGKids Cup CAEGTime: 10:00
      Coque Luxembourg, 2 rue Léon Hengen
    • Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Time: 14:00 - 17:30
      D'Coque, Kirchberg, Luxembourg
  • 08/02/2026
    • Habschter Charity Walk & RunHabschter Charity Walk & RunTime: 09:00
      Hobscheid Centre polyvalent
      Grand-Rue, Habscht

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

E Samschdeg 27. November, war eis traditionellt Fest fir d’Débutant(e)s a fir d’Scolaires, fir se fir hier Saison 2021 auszezeechnen. D’Diplomer vum Challenge Tageblatt goufen iwwerreecht, an déi jonk Athleten kruten hiren Champions Méritants Präis. Eng weider Belounung gouf et mat enger exzellenter Pasta déi vum Gaby, Jean-Paul, Marianne an Tessy preparéiert gouf. Felicitatiounen un all eis jonk […]

Nom Optakt vun der Crosssaison leschte Weekend stoungen och dëse Weekend erëm Diddelenger Leefer um Depart. Fënnef Athlete vum CAD ware fir den Uewersauer Trail ugemellt. No gudde Leeschtungen op den 11,3km an den 30,5km, konnt virun allem de Sven Remakel op den 51,8km iwwerzeegen. An enger Zäit vu 4:09:14 koum hie knapps hannert dem […]

De 14. November ass zu Rodange fir d’Leefer déi laang erseente Cross Saison ugaangen. Et waren direkt eng Partie Diddelenger an ënnerschiddleche Kategorien am Asaz. Ervir hiewe wëlle mer op dëser Plaz de gudde Start an d’Saison vum Sven Remakel (SenM) a vum Pol Stoffel (U18), déi an hire jeeweilege Kategorien den Drëtte gi sinn. De Sven […]

Athlet vum Joër

28/10/2021

Stëmmt fir de lëtzebuerger Athlet vum Joër 2021! Eis Athleten Noémie Pleimling, Isabeau Pleimling an Tom Habscheid sinn ënnert de Nominéierten!

Kuckt Iech dem Andy Bausch säi brandneie (Covid-gepréifte 🙂 ) Video un iwwert d’Jugendliichtathletik zu Lëtzebuerg.

Datum: 16.10.2021 15:00 Uert: Diddeleng-Italien, Naturpark Haard, Diddeleng Wieder: duuss, sonneg, 12°C Participantën: 98 Finishers: 96 Detailléiert Resultater Besicht déi entspriechend Säit bei RaceResult fir déi offiziell Resultater a Diplomer ze kucken. Lued de Gesamtklassement als PDF Datei erof. Biller vun 2021 Kuckt Iech d’Fotoen vun der Course an dëser Galerie un.

Gëff Benevole!

07/10/2021

De Sportsministär huet gëschter eng Kampagne lancéiert fir de Benevolat am Sport ze promouvéieren. Interesséiert? Mäer si frou fir all neie Benevol dee mer kréien 🙂 Weider Infoen um Site vum Sportsministär

Club Sponsors