Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng
Traditioun um Wee no vir
Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.
Nächst Evenementer
- 31/01/2026
- Meeting Regio 4Meeting Regio 4Time: 13:00
Coque Sport Center, 2 Rue Léon Hengen, Luxembourg
- Meeting Regio 4Meeting Regio 4Time: 13:00
- 01/02/2026
- Kids Cup CAEGKids Cup CAEGTime: 10:00
Coque Luxembourg, 2 rue Léon Hengen - Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Time: 14:00 - 17:30
D'Coque, Kirchberg, Luxembourg
- Kids Cup CAEGKids Cup CAEGTime: 10:00
- 08/02/2026
- Habschter Charity Walk & RunHabschter Charity Walk & RunTime: 09:00
Hobscheid Centre polyvalent
Grand-Rue, Habscht
- Habschter Charity Walk & RunHabschter Charity Walk & RunTime: 09:00
Iwwer eise Club
Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.
Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.
Eis Athletin Isabeau Pleimling huet bei hirer éischter Competitioun vun der Saison zu Metz mat 52,64 Meter een neie Lëtzebuerger Rekord am Hummerwerfen realiséiert. Deen ale Rekord vun eiser Athletin Géraldine Davin louch bei 49,44 Meter.
Datum: 09.05.2021 15:00 Uert: J.F. Kennedy Stadium, Diddeleng Wieder: sonneg, waarm a lëfteg, 24°C Kuckt Iech déi offiiziell Resultater un.
Meeting Ouvert Datum: Sonndeg, 9. Mee 2021 Ufank: 15:00 Uert: Stade J.F. Kennedy, Diddeleng
Ganz no der Devise : « Traditioun, um Wee no vir. » Säit senger Grënnung am Joer 1932 kann den CA Diddeleng (CAD) op vill Erfolleger zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun houfreg sinn. De Veräin CAD ass ënnert anerem bekannt fir seng vill Liichtathletik-Kompetitiounen um Kennedy-Stadion, seng Worfmeetinger zu Zoufftgen (F), säin Tour de […]
Am ganz spezielle Kader, an dem de Speerworf-Meeting de Mëtteg zu Diddeleng ofgehale gouf, konnt d’Noémie Pleimling mat enger gudder Leeschtung am Speer vun 53.87m iwwerzeegen. Resultat Speermeeting 06-03-2021
44. Tour de Dudelange De Comité vum CAD huet entscheet fir den Tour de Dudelange vun dësem Joer, deen den 28. Mäerz geplangt war, z’annuléieren, dëst opgrond vun der derzäit onsécherer a bedreelecher Situatioun ronderëm d’Covid-Pandemie. Mäer hoffen Iech op der 44. Editioun am Joer 2022 erëm ze gesinn !
105. National Cross-Country Meeschterschaften An Ofsprooch mat der FLA gouf decidéiert, déi national Cross-Country-Meeschterschaften opgrond vun der derzäit onsécherer a bedreelecher Situatioun ronderëm d’Covid-Pandemie op 2022 ze verréckelen.
Club Sponsors




