Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng
Traditioun um Wee no vir
Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.
Nächst Evenementer
- 31/01/2026
- Meeting Regio 4Meeting Regio 4Time: 13:00
Coque Sport Center, 2 Rue Léon Hengen, Luxembourg
- Meeting Regio 4Meeting Regio 4Time: 13:00
- 01/02/2026
- Kids Cup CAEGKids Cup CAEGTime: 10:00
Coque Luxembourg, 2 rue Léon Hengen - Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Time: 14:00 - 17:30
D'Coque, Kirchberg, Luxembourg
- Kids Cup CAEGKids Cup CAEGTime: 10:00
- 08/02/2026
- Habschter Charity Walk & RunHabschter Charity Walk & RunTime: 09:00
Hobscheid Centre polyvalent
Grand-Rue, Habscht
- Habschter Charity Walk & RunHabschter Charity Walk & RunTime: 09:00
Iwwer eise Club
Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.
Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.
49 Medailen. Esou vill konnten eis jonk Athleten der um Jugendchampionnat (14-15 Juni) gewannen. Déi gutt Jugendaarbecht mëscht sech bezuelt, Gléckwonsch un all d’Athleten an hir Trainer! Hei sinn hir Resultater. D’Woch drop gouf um Championnat Relais (21 Juni) direkt nogeluecht. Mir si mat 4 Equipe zu Ettelbréck ugetrueden a bréngen 3x Gold an 1x […]
National Jugendmeeschterschaften Datum: Samschdes 14. Juni a Sonndes 15. Juni 2025 Ufank: 13:45 / 11:00 a 14:00 Uert: INS Stadion, Cents a Werferterrain CAD, Zoufftgen Seltec: LA.net 3 Portal
De Weekend waren eng Rei vun eisen Athleten an Däitschland ob Meetingen ënnerwee. Virop d’Fanny, dat zu Karlsruhe ob de 1500m ob den Depart gaangen ass. An 4:34,15 Minutten ass hat net nëmmen nei Beschtleeschtung, mee direkt och neie Club Rekord gelaf. Donieft waren zu Homburg d’Saarlandmeisterschaften, wou e puer Sprenger a Werfer ugetruede sinn. […]
Den CAD ass mat zwou Athletinne bei de Spiller vun de klenge Länner zu Andorra vertrueden. D’Liz ass fir d’éischt un den Depart gaangen am 3000m Steeple. Hat ass laang fir gelaf an zesumme mat senger Verfollgerin, ass den Ofstand zum Recht vum Feld ëmmer méi grouss ginn. Um Enn hat d’Athletin aus Zypern d’Nues […]
Leschte Weekend war et un der Jugend sech ob hirem Interclub ze beweisen. Vill vun eise Jonke missten dobäi aus hirer Komfortzone eraus a sinn an Disziplinnen ugetrueden, déi si esou eigentlech net trainéieren. Eis Jonge sinn déi Zweet ginn, eis Meedercher hunn trotz gudder Leeschtunge knapp de Podium verpasst (4. Plaz). Hei d’Klassementer: Jongen: […]
Déi lescht zwou Woche waren eis Leefer fläisseg um … lafen. Ugefaangen huet de Mee Programm mam 5km Championnat sur Route de 9. Mee um Feierdag. Hei konnt d’Liz ob eng exzellenten zweete Plaz lafen. Zwee Deeg drop war den Tëtelbierg Trail, wou och eng Partie CAD Athleten um Depart waren. Dëse Weekend war d’Lynda […]
Interclub ass gläichgesat mat Teamgeescht. Do gëtt aus enger Eenzelsportaart en Equippesport. All eenzel Leeschtung zielt fir e grousst Ganzt. An där eenzel Leeschtunge gouf et de Weekend vill gudder. Eis CAD Athleten hunn alles ginn a goufe mat 2 Podiume belount. Bei den Hären si mir déi 3t ginn hannert dem CSL an dem […]
Club Sponsors




