Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

  • 31/01/2026
    • Meeting Regio 4Meeting Regio 4Time: 13:00
      Coque Sport Center, 2 Rue Léon Hengen, Luxembourg
  • 01/02/2026
    • Kids Cup CAEGKids Cup CAEGTime: 10:00
      Coque Luxembourg, 2 rue Léon Hengen
    • Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Time: 14:00 - 17:30
      D'Coque, Kirchberg, Luxembourg
  • 08/02/2026
    • Habschter Charity Walk & RunHabschter Charity Walk & RunTime: 09:00
      Hobscheid Centre polyvalent
      Grand-Rue, Habscht

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

Neie Lëtzebuerger Rekord am Speerwerfe vum Noémie Pleimling dëse Weekend bei de nationale Meeschterschaften zu Schëffleng. Hatt verbessert säin eegene Rekord, deen et eréischt virun enger Woch opgestallt huet, em ganzer 56cm!! Di nei Beschtmark läit elo bei 54,25 m. Bravo Noémie! Weider CAD- Athlete konnte Podiumsplazen erreechen: Lara Marx (1. /100m Hecken,1. /Dräisprong,3./Diskuswerfen), Géraldine […]

Bei der Jugendkompetitioun vum Iechternacher Triathlon ass eisen Athlet Pol Stoffel (1.vu lénks op der Foto) op di 2.Plaz an der Kategorie C komm.

A nach eng Rekordverbesserung am Speerwerfe vum Noémie Pleimling bei enger Kompetitioun zu Bertrix/Belsch: mat 53,69m verbessert hatt säin eegene Rekord em 42cm!!

Bei der Bauhaus-Juniorengala zu Mannheim/Däitschland huet de Konstantin Moll e neie Rekord am Hummerwerfe mat 70,02m opgestallt. Domat erfëllt hien och d`Norm fir d’U20 Europameeschterschaften a Schweden.

Zwou Goldmedaile gouf et fir den Tom Habscheid beim Paralympics Grandprix zu Tunis! Hien huet d`Bommstousse mat 14.42 m an den Diskuswerfe mat 42,84m (11m virum 2.!!!) fir sech entscheet.

D`Resultater vun de nationalen Hindernismeeschterschafte sinn um Site ze fannen.

Bei de Jugendmeeschterschafte koume folgend CAD-Athleten op de Podium: d’Juniorin Chloé Schmit (1./800m, 1./1500m an 2./ Speerwerfe), d`Minimme Caroline Kutten (1./Speerwerfen), de Minimme Melvin Spoden (1./80m Hecken ,2./Speerwerfen), d`Juniorin June Krier (2./400m,2./800m) d’Kadette Lili Lamesch (2./Héichsprong), De Minimme Yannick Berns (2./Diskuswerfen) an de Cadet Noah Bäcker (3./Speerwerfen)

Club Sponsors