Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng
Traditioun um Wee no vir
Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.
Nächst Evenementer
- 31/01/2026
- Meeting Regio 4Meeting Regio 4Time: 13:00
Coque Sport Center, 2 Rue Léon Hengen, Luxembourg
- Meeting Regio 4Meeting Regio 4Time: 13:00
- 01/02/2026
- Kids Cup CAEGKids Cup CAEGTime: 10:00
Coque Luxembourg, 2 rue Léon Hengen - Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Time: 14:00 - 17:30
D'Coque, Kirchberg, Luxembourg
- Kids Cup CAEGKids Cup CAEGTime: 10:00
- 08/02/2026
- Habschter Charity Walk & RunHabschter Charity Walk & RunTime: 09:00
Hobscheid Centre polyvalent
Grand-Rue, Habscht
- Habschter Charity Walk & RunHabschter Charity Walk & RunTime: 09:00
Iwwer eise Club
Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.
Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.
Op de Spiller vun de klenge Länner a Montenegro hunn 3 vun eisen Athlete Podiumsplaze beluet: d`Noémie Pleimling (1.am Speerwerfe mat 51,25 m), d`Lara Marx (2.iwwer 100m Hecken a 14“62, 2. mat der 4x100m-Staffel a 47“51 an 2.mat der 4x400m-Staffel an 3:51“34) an d`Lara Buekens (3.am Stafhéichsprong mat 3,60m). Weider huet den Olivier Boussong mat […]
Gutt Resultater vun eisen Athlete beim verreente Challenge Tageblatt 2: Alessia Squazzin (4./75m-Scolaire 13), Luca Costantini (1./Héichsprong-Scolaire 13, Eve Lambert (1./Ballwerfen an 8./1000m Debutant 11), Carla Bellucci (4./Speerwerfen-Scolaire 13) a Pol Stoffel (2./2000m-Scolaire 13)
E fulminante Start an d`Saison vum Noémie Pleimling: bei de franséische Clubweltmeeschterschafte verbessert hatt säin eegene Speerworfrekord op 53,29m!!!
Gratulatiounen un d`Liz Weiler: hatt ass de Moie Meeschterin iwwer 10 000m op der Piste ginn.
D`Resultater vum oppene Meeting vun haut sinn um Site
Beim Werfermeeting huet d`Noémie Pleimling de nationale Rekord am Diskuswerfe mat 44,79m verbessert. D`Resultater sinn online.
Haut gouf deen 1.Challenge Tageblatt bei schlechtem Wieder zu Diddeleng ofgehalen. D`Resultater sinn um Site ze fannen.
Club Sponsors




