Wëllkomm beim Cercle Athlétique Diddeleng

Traditioun um Wee no vir

Den CA Diddeleng kann zanter sénger Grënnung am Joer 1932 houfreg sinn op esou munch Erfolleg souwuel zu Lëtzebuerg wéi an der Groussregioun.

Nächst Evenementer

  • 31/01/2026
    • Meeting Regio 4Meeting Regio 4Time: 13:00
      Coque Sport Center, 2 Rue Léon Hengen, Luxembourg
  • 01/02/2026
    • Kids Cup CAEGKids Cup CAEGTime: 10:00
      Coque Luxembourg, 2 rue Léon Hengen
    • Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Challenge Tageblatt Indoor 2 (CAEG/FLA)Time: 14:00 - 17:30
      D'Coque, Kirchberg, Luxembourg
  • 08/02/2026
    • Habschter Charity Walk & RunHabschter Charity Walk & RunTime: 09:00
      Hobscheid Centre polyvalent
      Grand-Rue, Habscht

Iwwer eise Club

Den CAD ass bekannt virun allem fir seng sëlleche Competitiounen op der Piste vum Kennedy-Stadion, seng Werfermeetingen zu Zoufftgen (F), säin 10km Stroosselaf, den Tour de Dudelange, an zanter 2011 och fir den Haard-Trail, e 15km Traillaf duerch d’Naturreservat Haard.

Den CA Diddeleng zielt ongeféier 300 aktiv Athleten a 500 Memberen. Nieft der Liichtathletik- hu mir och eng Triathlonsektioun.

CROSS LE’H LAF

17/01/2019

Dëse Sonnden, 20.Januar, organiséiert den CAD de 5.Cross Challenge Peters Sport zu Diddeleng am Parc Léih. Um 13:00 Auer ass di 1.Course.

Beim 1. Indoor Tageblattmeeting hu verschidden CAD-Athleten gutt Leeschtunge gewisen: d`Scolaire Carla Bellucci (1./Wäitsprong),d`Debutante Lambert (1./Wäitsprong), d`Debutante Sara Skoko (2. /Wäitsprong), de Minimme Ben Steimes (2./Bommstoussen), de Scolaire Luca Costantini (2./Héichsprong), de Scolaire Ilan Delfino Dubois(2. An der 2, Serie/800m, 6./Héichsprong), d`Minimme Caroline Kutten (6./Wäitsprong,6.an der 1. Serie/ 800m), de Minimme Yannick Berns (6./Bommstoussen), de […]

Gudd Resultater gëtt et vum 2.Regiomeeting an der Coque vun eisen CAD-Athleten ze vermellen. Den Olivier Caron gewënnt d`Bommstousse mat 14,24m. De Florestin Pireaux gewënnt d`Bommstousse bei de Cadets an den Tom Nicolas gëtt 3.mat 11,51m .D`Lara Marx kënnt mat 5,40m op di 3.Plaz am Wäitsprong

Beim Regio1-Meeting an der Coque gewënnt den Olivier Caron d`Bommstousse mat 14,44m. D`Lara Marx gëtt 1.iwwer 60m Hecken an 8“93 an d`Sophie Leser leeft d`60m an 8“08 a gëtt domat 3..De Ben Steimes kënnt mat 7“85 iwwer 60m Minimmes op di 3.Plaz.

Dir kënnt déi al Neiegkeeten op dem alen Site fannen deen Dir ënner de folgende Link fannt: www.cadudelange.lu/oldsite

Club Sponsors