News
Duerch de Projet ‘FUNdamentals Team Lëtzebuerg’, ënnert der Initiativ vum INAPS, haten d’Kanner zu Diddeleng d’Geleeënheet, aktiv ze ginn, Spaass ze hunn an nei Sportaarten ze entdecken. Iwwert e puer Woche goufen eng Rei Aktivitéite fir d’Kanner an de Maisons Relais organiséiert. Ënner de Veräiner déi matgewierkt hunn, huet sech de Cercle Athlétique Dudelange duerch […]
Werfermeeting Datum: 02.05.2026 14:00 Uert: Werferterrain, Zoufftgen LA.net 3 Umeldungen: https://lanet3.lu/NewRegisterDetails/false/13757 Kuckt Iech hei de Programm vum Meeting un.
De leschte Mount war gefëllt mat Coursen an iwwerall waren eis Leefer präsent. Felicitatioun fir all déi gelafe Km! Hei fannt dir hir Resultater: Ouschterlaf (gläichzäiteg och Championnats nationaux de 10 km sur route) Cliärrwer Loof Uelzechtdalltrail DKV Urban Trail
Wärend eis technesch Athleten an eis Sprinter de Mount op de Championnats nationaux indoor gestart hunn, waren eis Laangstrecke Leefer op der Cloche d’Or ënnerwee. Eng Partie vun hinne waren um Cgdis Run an um Postlaf ugemellt. Hei sinn hir Resultater: Cgdis Run Postlaf
De Mäerz huet dëst Joer mat de Championnats nationaux indoor an der Coque gestart. Bei dësem Ofschloss vun der Indoor Saison konnten eng Partie vun eisen Athleten ob de Podium klammen: Plaz Noémie Pleimling (Kugel) Plaz Nadine Kremer (Kugel) Mex Krecké (Perche) Sophie Folscheid (Dräisprong) Luca Costantini (200m) Caroline Kutten (200m Espoirs) Plaz Hannah Back […]