D’Liz gëtt dat Zweet um Eurocross

Dëse Sonnden war mam Eurocross zu Dikkrech d’Generalprouw virum Cross Championnat an 1 Mount. Vill vun eise Crossleefer hunn dës Chance genotzt fir de Bols ze fillen an ze kucken wou si geingeniwwer der nationaler Konkurrenz stinn.
Ervirzehiewen ass d’Liz Weiler, dat gewisen huet, dass hat no der Bébépaus erëm a Form ass. Hat gouf an der Dame Course iwwer 5,61km an enger Zäit vu 24:04 Minutten dat Zweet (an éischt Lëtzebuergerin). Seng Course resüméiert hat ganz zefridden am Interview am RTL Reportage.