D’Dammen um Podium beim Interclub

Wann Héichsprénger um Dräisprong starten a Werfer 100m lafen, dat ass Interclub.
Mir hunn en ereignisräiche Weekend hannert eis, mat enger Partie gudder Leeschtungen, mee leider och kuerzfristegen Ausfäll, zwou Verletzungen an deementspriechend vill Stress fir eist Danielle. Dem Nicolas an dem Max wënsche mir op dësem Wee eng gutt Besserung!
Um Enn klammen eis Damen op déi 3t Marche vum Podium an eis Jonge gi 4t.

Parallel zum Interclub war och den Challenge U16, wou de Mex iwwer d‘300m Hürden an 43,06 neie Klubrekord gelaf ass. Domat steet eise zukünftegen 400m Hürden Leefer fir déi nächst Joren Interclub an de Startlächer ????

All d’Resultater fannt dir hei.