Et fält ee Klubrekord nom aneren

Nodeems de Mex virun 2 Woche schonn de Klubrekord op der 300m Hürde gebrach huet, huet en elo nogeluecht. An 39,37 Sekonne kann hien och elo de Rekord op der 300m flaach säin nennen.

An och d’Fanny weist sech an Toppform. Zu Pfungstadt ass hat op senger 1500m a 4:40:92 Minutten an d’Zil komm. Och dat ass neie Klubrekord.

Wat ass de nächste Rekord dee fält a wéi een Athlet gëtt sech d’Éier? Mir si gespaant…