Ereignisräich Juli Woch: Nach Medailen, e Club- an e Stadionrekord

 Eng Woch, 3 Meetinger – déi lescht Deeg ass et Schlag ob Schlag gaangen.

Staffelmeeschterschaften den 10 Juli
Den CAD war mat 3 Equippen um Start, 2 dovu koumen ob de Podium :
1. Plaz Juniorinne 4x100m: Lejla Ceman, Mia Bourscheid, Claire Klein Schlentz, Hannah Back
3. Plaz Seniore 4x100m: Dylan Meyers, Jon Bourscheid, Mex Krecké, Luca Costantini
5. Plaz Minimes fém 4x100m: Sara Goncalves Ribeiro, Jamie-Lynn Kerger, Elodie Bissen, Marie Lahr

Läufermeeting zu Saarbrécken den 11 Juli
D’Fanny ass dëse Mount net ze stoppen an ass zu Saarbrécken och nach den 1000m Klubrekord gelaf. Deen steet elo bei 2:54,4 Minutten.

Meeting ouvert nocturne zu Zolwer den 12 Juli
Eng Handvoll Athlete waren de Freiden Owend zu Zolwer um Meeting nocturne um Start, Traditionell eigentlech e Lafmeeting, stoungen dës Kéier och Kugelstoussen a Gewiichtworf um Programm. Well et déi éischte Kéier war, dass Gewiicht zu Zolwer um Terrain gehäit gouf, ass dem Nadine säi beschte Worf vu 15m30 domat d’Stadionrekord.
All d’Resultater fannt dir hei.