Podiumen um Interclub
Interclub ass gläichgesat mat Teamgeescht. Do gëtt aus enger Eenzelsportaart en Equippesport. All eenzel Leeschtung zielt fir e grousst Ganzt. An där eenzel Leeschtunge gouf et de Weekend vill gudder. Eis CAD Athleten hunn alles ginn a goufe mat 2 Podiume belount.
Bei den Hären si mir déi 3t ginn hannert dem CSL an dem CAB.
D’Damme konnten eng Träppche méi héich klammen. Si sinn déi 2t ginn, hannert dem CSL a virum CELTIC.
Am Gesamtklassement mëscht dat och eng 2t Plaz.
Mir soe jidderengem Merci fir den Asaz a bis an zwee Méint fir d’Coupen.
Hei fannt dir d’Resultater vum Interclub.