Titelen a Rekorder an Däitschland
De Weekend waren eng Rei vun eisen Athleten an Däitschland ob Meetingen ënnerwee.
Virop d’Fanny, dat zu Karlsruhe ob de 1500m ob den Depart gaangen ass. An 4:34,15 Minutten ass hat net nëmmen nei Beschtleeschtung, mee direkt och neie Club Rekord gelaf.
Donieft waren zu Homburg d’Saarlandmeisterschaften, wou e puer Sprenger a Werfer ugetruede sinn.
D’Mia ass mat 1m65 am Héichsprong Saarlandmeisterin ginn. Bei de Männer ass och kee méi héisch gespronge wéi säi Pap den Tommy mat 1m76.
Donieft huet d’Lena am Diskus Bronze gewonnen an der U18 mat 23m30 an ass an der Kugel mat 9m70 dat Véiert ginn.