Championnater an international Selektiounen
Ënn Mee waren zwee vun eisen Athlete mat der National Ekipp ob den European Challenger Championships zu Monaco.
D’Noémie ass mat 50m17 am Speer dat 4t ginn an d’Fanny dat 6t ob der 1500m an 4:32.46.
Hei sinn d’Resultater vun deem Meeting.
Eng Woch drop war dann den éischte wichtege Rendez-vous fir d’Ekippe Klassement zu Lëtzebuerg: den Interclub vun de Senioren.
Den CAD huet sech zu Ettelbréck gutt geschloen a konnt mat enger zweeter Plaz bei den Damen an enger drëtter bei den Hären iwwerzeegen.
Am Gesamtklassement ergëtt dat eng zweet Plaz hannert dem CSL.
Hei fannt dir all d’Resultater vun eisen Athleten.
Dëse Weekend war virun allem eis Jugend ob de Mehrkampf Meeschterschaften am Asaz. Ervir ze hiewen ass, dass mir bei de Männer all d’Titelen ofgeraumt hunn: de Mex gewënnt bei de Cadets, den Dylan bei de Junioren an de Jon bei den Espoirs – alleguer mat PB. Och d’Laura konnt bei de Cadettes ob de Podium klammen (2. Plaz).
Hei sinn d’Resultater.
© Christiane Wetzel, Claudio De Carolis