Groussaartege Coupe-Weekend fir den CAD!
Fir d’éischt säit 2019 huet den CAD dëse Weekend nees eng Coupe gewonnen… an fir d’éischt iwwerhaapt an der Veräinsgeschicht ass et d’Härenekipp déi d’Coupe d’Athlétisme du Luxembourg (déi fréier Coupe du Prince) mat op Diddeleng brengt! An den Dag virdrun hunn eis Dammen eng exzellent 2. Plaz beluecht… Mega-Resultat vun eisen zwou Ekippen!!
De Podium bei den Hären gesäit esou aus:
1. CAD mat 15 520 Punkten
2. CAB mat 15 101 Punkten
3. CSL mat 15 026 Punkten
A bei den Dammen war dëst de Podium:
1. CSL mat 12 293 Punkten
2. CAD mat 11 586 Punkten
3. FOLA mat 11 574 Punkten
Félicitatiounen un déi zwou Ekippen fir déi super kollektiv Leeschtung – den CAD, eng grouss Famill !
Biller vum Josée Lorsché












































