Neie Rekord am Speer vum Noémie Pleimling

Op dem ageschränkten Eröffnungsmeeting vun der Saison, deen den 12. August zu Diddeleng war, huet d’Noémie Pleimling agangs direkt eng gutt Form gewisen an och fërmlech drop gelauert fir e neie Rekord opzestellen.

Am éischten Essai am Speerwerfen huet et säin eegene Rekord em bal e Meter verbessert. Säi neie Rekord ass elo op 55,47m verbessert! Felicitatiounen !