Haard Trail 2020
10. Haard Trail
Informatiounen zur Course
Datum: Samsdes, 17. Oktober 2020
Start: 15:00
Uert: Naturpark Haard & Annexe Alliance Sportshal, Diddeleng-Italien
Distanz: 15 km laangen, hiwwelegen Parcours queesch duerch de Naturpark Haard
Vestiairen a Sekretariat: Centre Sportif Annexe Alliance Sportshal
Covid: Wéinst den aktuelle Restriktiounen gi speziell Moossnamen ergraff. Esou gi nëmmen Virumeldungen ugeholl. De Start gëtt a Bléck vu 50 Leefer organiséiert, déi 2 Meter auserneen opgestallt ginn. Am Startberäich ass d’Droe vun engem Buff obligatoresch. Gi Verstéiss festgestallt, gëtt de Leefer disqualifizéiert. Bei der Virumeldung muss de Leefer de Sécherheetsmoossnamen zoustëmmen. Gläichzäiteg engagéiert de Leefer sech datt en sech zeréck zitt falls en um Dag vun der Course Féiwer oder Symptomer huet. Den Organisateur weist all Responsabilitéit vun sech am Fall vun enger retracéierter Ustiechung wärend der Course.
Zäitnam: Mat engem Ewee-Chip deen am Dossard integréiert ass.
Tariffer: Fir eng Virumeldung déi iwwert Virement, iwwert eng Online-Umeldung oder per Fax (+352 511651) vum 26. September bis spéitstens de 7. Oktober 2020 era komm ass: 10 EUR
Fir eng Virumeldung déi iwwert Virement, iwwert eng Online-Umeldung oder per Fax (+352 511651) nom 7. Oktober a virum 14. Oktober 2020 era komm ass: 12 EUR
Nomeldungen si wéinst de Covid-Restriktiounen leider net méiglech.
Däer sidd gebieden Är Virumeldung online oder per Virement op ee vun de Bankkonten z’iwwerweisen.
Bankkonten: BGLL LU52 0030 1182 4440 1000 a BCEE LU57 0019 7000 0333 9000
Parcours: Lued de 15km Parcours vun der Trailcourse erof fir Är GPS Smartwatch: TCX – GPX – KML
Mäer wëllen drop hiweisen datt den Organisateur net ka responsabel gemaach ginn fir all Zort vun Incident déi virun, wärend oder no de Coursen statt fannen.