En ereignisräiche Mäerz mat ville gudde Plazeirungen an zwou Coursen zu Diddeleng
Ufank Mäerz ass mam leschten Tageblatt Meeting an der Coque och fir eis Kleng d’Indoor Saison op een Enn gaangen. Eis Debutanten a Scolairen hunn am Gesamtklassement eng super 2. Plaz beluecht hannert dem CSL a virum CELTIC. Dat versprécht villes fir déi nächst Joren.
Den 13. Mäerz huet de CAD dann de leschte Cross vun der Saison organiséiert, dee gläichzäiteg och de Championnat war. Déi éischt gutt Placéierung fir de Veräin gouf et direkt mam Liah Melanda, dat bei den Débutants seng 1,337km a 5:35 Minutte gelaf ass an eng super 4. Plaz beluecht huet. No enger verletzungsbedéngter Paus koum och d’Liz Weiler a sengem éischten an eenzege Cross vun der Saison iwwer 5,834km op déi gutt 4. Plaz an enger Zäit vu 24:23 Minutten. Highlight aus Diddelenger Siicht war déi zweete Plaz, an domat de Vize-Championstitel bei de Cadeten iwwer 4,557km vum Pol Stoffel a 15:57 Minutten.
Dëse Sonnde war da mam Tour de Dudelange de Start vun de Stroosseleef, deen direkt mam Championnat ugefaangen huet. De CAD war souwuel bei de Fraen, wéi och bei de Männer mat jeeweils 5 Leefer vertrueden.
Merci un dëser Plaz och all de Benevollen, déi zum gudden Oflaf vun de Coursë bäigedroen hunn.
Ⓒ Jean-Paul Engeldinger