Bescht Piraten vun Diddeleng
“Fluch der Karibik” war d’Motto vum Event, engem Interclub tëscht den Diddelenger Veräiner, deen am Kader vun der Ouverture vun der renoveierter oppener Schwemm zu Diddeleng organiséiert gouf. No 5 Spiller konnt sech den CAD géint d’Schwemmer, dDëschtennisspiller, de Judo an de Basket fir d’Finale qualifizéieren an dës dann och géint de Stemmveräin fir sech entscheeden.
Félicitatioun un d’Lara, d’Liz, d’Jennifer, de Wes, de Roy, de Sven an hire Kapitän de Fabio.