(X) kilomètres à pied, ça use, ça use …

Och eis Trail Leefer waren dëse Mount aktiv. Beim Spiridon Bëschlaf de 6. Juni gouf d’Jennifer Chaussy op den 10 Kilometer 79. vun 135 an enger neier Beschtzäit vun 58:56 Minutten an ass domat dat Zweet a senger Kategorie ginn. De Roland Weber (1:21:58 Minutten), d’Marie-Anne Dentzer (1:39:01 Minutten) an d’Anne-Marie Dentzer (1:44:36 Minutten) sinn 10 Meilen gelaf a platzéieren sech respektiv op der 75., 136. an 146. Plaz vun 153 Athleten.

De 17. Juni war dunn de nächsten 10km-Trail zu Leideleng. D’Laura Grober (49:38 Minutten) an de Christophe Munsch (51:57 Minutten) sinn hei 3t an hirer jeeweileger Kategorie ginn an de Roland Weber (54:33 Minutten) 4ten. Si sinn allen dräi an d’Top100 vun 215 Athlete gelaf.

Dëse Sonnden (26. Juni) ass den Denis Lopes nach um Tëtelbierg-Trail gestart, seng 17,1km a gudden 1:24:03 gelaf an domat staarke Véierte ginn.

Felicitatioun un all eis Leefer.