Ereignisräiche Oktoberweekend

Och am Oktober sinn eis CAD-Athleten a vollem Asaz an dat an den ënnerschiddlechsten Disziplinnen.
D’Nadine Kremer ass mat sengem franséische Veräin op der Coupe de France ugetrueden an d’Equipe ass am Mixte Hummer Concours franséische Champion ginn.
Eis Jugend huet beim Mehrkampf Meeting zu Dikrech matgemaach a konnt do 3 Podiumen an Eenzeldisziplinne verbuchen :
1. Plaz Max Wagner – Speer (42m62)
2. Plaz Max Krecké – 1000m U14 (3:15,69 Minutten)
3. Plaz Laura Zeimet – Wäitsprong U14 (4m20)

D’Laura Grober (dat Drëtt vu Lenks) ass um Red Rock Challenge den Trail run vun 29km gelaf an dobäi als exzellent 2t an 2:30,59 Stonnen duerch d’Zil gelaf.