Eis Jugend spillt fir mat !
De 15. Januar ware fir déi éischte Kéier Jugendmeeschterschaften an de Kategorien U16 bis U20 an der Coque. Dominéiert huet eis Jugend virun allem am Héichsprong. Bei de Jonge ware mir an all Kategorie um Podium. De Jon Bourscheid gouf den 1. an der Kategorie U20 mat 1m89. De Luca Costantini huet sech mat neier Beschtleeschtung vun 1m86 zum U18 Meeschter gekiert. Den Thierry Kalmes (1m40) ronnt d’Resultat of mat enger Drëtter Plaz bei den U16. Bei der U18 packen eis Meedercher de perfekte Podium mam Mia Bourscheid (1m64), Lena Do Carmo (1m58) a Carla Bellucci (1m50).
Fir de Luca Costantini ass een Titel an eng nei perseinlech Beschtleeschtung net duergaangen. Hien ass an 23,99 Sekonnen och an den 200m als Éischte vun den U18 iwwer d’Zillinn gelaf. De leschten Titel vum Dag ass mat enger neier Beschtleeschtung an der Kugel vun 11m54 un de Fränz Muller gaangen.
Hei déi weider Top10 Klassementer vun eisen Athleten:
U16
2. Eve Lambert Héichsprong U16: 1m50
2. Lena Koch Kugel U16: 8m79 (PB)
3. Eve Lambert Kugel U16: 8m36
8. Thierry Kalmes Wäitsprong U16: 4m64
10. Elodie Bissen Wäitsprong U16: 4m17
U18
2. Carla Bellucci 60mH U18: 9,79 Sek.
3. Leonie Bressler 800m U18: 2:41,07 Sek.
3. Lena Do Carmo Wäitsprong U18: 4m42
4. Carla Bellucci Wäitsprong U18: 4m26
U20
2. Luca Pagnacco 60mH U20: 8:35 Sek.
2. Luca Pagnaccio 200m U20: 23,73 Sek.