September Recap : Coupe a nach méi

Dëse Mount waren all eis Athleten an Aktioun, egal wéi eng Disziplin si maachen.
Ugefangen huet de September mam Escher Kulturlaf (02/09), wou eng Partie vun eise Laangstreckeleefer deelgeholl hunn.
10 miles (285 Leefer)
73. Dentzer Marie-Anne (1h23min41)
76. Anne-Marie Dentzer (1h23min54)
10 km (684 Leefer)
9. Moussaid Samy (37min17)
18. Fries Noah (39min24)
24. Lopes Denis (40min46)
29. Frantz Yannick (41min31)
57. Gillen Pit (45min53)
181e Chaussy Jennifer (55min)
235. Notermans Guy (56min55)
536. Ries Marie-Daphnée (1h10min45)

Den Dag drop (03/09) hunn e puer vun eise Werfer hir Form beim Werfermeeting zu Zéisseng enner Beweis gestallt.
Gewiicht
5kg : Kohl Annette (10m48)
Hummer
3kg : Kohl Annette (24m06)
7kg : Lorang Gilles (43m40)
Diskus
1kg : Kohl Annette (18m23)

De 16 a 17 September war mat der Coupe de Luxembourg d’athlétisme hommes et dames de wichtegste Meeting vum Mount. Eis Athleten sinn staark aus der Summerpaus erëm komm an sinn zwee mol déi Zweet ginn. E grousse Merci fir äert Engagement, besonnesch un déi Athleten, déi extra aus dem Ausland zeréck komm sinn fir de Meeting. Dir hutt bis zum Schluss gekämpft, an dat bei den Damen wuertwiertlesch, well do si mir no der leschter Disziplin nach vun der Drëtter op déi Zweet Plaz eropgerutscht.

 

Zu gudder Lescht war den 24 September nach d‘Route du Vin zu Réimech, déi gläichzäiteg och de nationalen Championnat iwwer 5 an 21km war.
D’Laura Grober ass do dat Drëtt ginn – Gléckwonsch dofir! Hei all d’Zäiten vum Sonnden:
5km
5. Stoffel Pol (15min47)
10. Bertold Kelvin (16min03)
37. Klein Bastien (20min10)
82. Chaussy Jennifer (25min01)
21km
38. Moussaid Samy (1h18min29)
113. Frantz Yannick (1h26min06)
137. Grober Laura (1h27min24)
279. Klein Francois (1h36min35)

 

© Harry Daemen