Member ginn?

Wéi kann ech Member ginn?

Wéi kann ech Athlet am Klub ginn?

Folgend Alterskategorien ginn zu Lëtzebuerg an der Liichtathletik benotzt fir d'Saison 2025 (vum 01.11.2024 bis den 31.12.2025):

Gebuer 2018 - 2020: U8 Ludique (*)
Gebuer 2016 - 2017: U10 Benjamin:e
Gebuer 2014 - 2015: U12 Débutant:e
Gebuer 2012 - 2013: U14 Scolaire
Gebuer 2010 - 2011: U16 Minime
Gebuer 2008 - 2009: U18 Cadet:te
Gebuer 2006 - 2007: U20 Junior
Gebuer 2003 - 2005: U23 Espoir
Gebuer 2002 a virdrun: Senior:in

(*) Mäer huelen Kanner ab 5 Joer an en halleft un.

Virumeldung online duerch Matdeelen vun:

– Numm a Virnumm
– Gebuertsdatum a Gebuertsuert
– Geschlecht
– Nationalitéit(en)
– Foto
– Telefonsnummer
– Postadress
– E-Mail vum Sportler (optional)
– E-Mail-Adresse vun der Persoun déi umellt
– Telefonsnummer vum Tuteur fir Mannerjäreger
– Numm, Virnumm vum Tuteur fir Mannerjäreger
– Geschwate Sproochen (opt.)

No dëser Virumeldung recommandéieren mäer en Trainingstest an e Gespréich bei dëser Geleeënheet.

Däer kënnt entweder eng Fräizäitlizenz (license loisir) oder eng Wettkampflizenz (licence compétition) ufroen.

Mat der Wettkampflizenz kënnt Däer un de verschiddenen nationalen Meeschterschaften (Strooss, Cross Country, Piste an Hal) deelhuelen. Däer musst e Médico sportif bestoen. De Rendezvous kënnt Däer Iech huelen wéi et Iech am beschten arrangéiert.

Mat der Fräizäitlizenz braucht Der kee Médico sportif ze passéieren an Däer kënnt just op Stroosseleef deelhuelen. Eng Fräizäitlizenz kann op einfach Ufro hin an eng Wettkampflizenz ëmgewandelt ginn, ënnert der Bedingung, datt e Médico sportif bestanen gouf. De Wiessel vun enger Wettkampf- op eng Fräizäitlizenz ass nëmmen an der Period tëscht dem 16. an dem 31. Oktober méiglech.

A béide Fäll si Der iwwert de Lëtzebuerger Liichtathletikverband (FLA, Fédération Luxembourgeoise d’Athlétisme) verséchert.

Mäer wëllen drop opmierksam maachen datt déi järlech Members-Kotisatioun obligatoresch ass, fir d’Umeldung als Athlet ze bestätegen. D’Members-Kotisatioun berechtegt Iech zu enger Lizenz, enger Versécherung an zu engem obligatoreschen Dossard bei Kompetitiounen.

    Ech hunn d'CAD Dateschutzpolitik gelies a stëmmen der Collecte an der Veraarbechtung vu menge perséinlechen Daten zou

    Wéi kann ech Member ginn?
    Einfach andeems Däer eis Äre Numm, Virnumm, Adress, e-Mail (opt.) gitt, an Däer déi järlech Members-Kotisatioun bezuelt. Däer kritt op järlecher Basis eng Memberskaart.

    Kontaktformular:

      Wévill kascht et?

      Hei sinn déi aktuell gülteg Tariffer fir eng Memberschaft am CAD. Jee no Kategorie ass den Tarif ënnerschiddlech.

      Nach fir d’Saison 2024, Cotisatioun fir vum 01.01. bis den 31.12.:

      • Membre donateur: 10€
      • Offiziellen: 15€
      • FLA-Lizenzéiert U12 bis Masters: 60€
      • FLA-Lizenzéiert U8 an U10: 85€
      • FLTri-Lizenzéiert (*): 90€

      (*) start ee souwuel ënnert enger FLA- wéi och FLTri-Lizenz, fält nëmmen den FLTri-Tarif un.

      Ab dem 01.07.2024 hu mer fir d’FLA-Athleten och reduzéiert Tariffer fir e Memberschaftsufank nom 01.07.:

      • FLA-Lizenzéiert U12 bis Masters: 40€
      • FLA-Lizenzéiert U8 an U10: 50€

      An ab der Saison 2025 gëllen dës Tariffer fir d’Cotisatioun fir vum 01.01. bis den 31.12.:

      • Membre donateur: 15€
      • Offiziellen: 20€
      • FLA-Lizenzéiert U12 bis Masters: 80€
      • FLA-Lizenzéiert U8 an U10: 100€
      • FLTri-Lizenzéiert (*): 100€

      A fir d’Cotisatioun vum 01.07. bis den 31.12.:

      • FLA-Lizenzéiert U12 bis Masters: 40€
      • FLA-Lizenzéiert U8 an U10: 50€