2 Podiumer um Ouschterlaf

Um Ouschterméinden fënnt traditionnel den Ouschterlaf zu Grevemacher statt. Dëst Joer war dës Course gläichzäiteg de nationale Championnat fir 10km op der Strooss.
Den CAD konnt sech iwwer 2 Podiumer freeën, dovunner een bei de Männer an een bei de Fraen.
De Kevin Bertold konnt bei de Junioren op déi héijsten Träppchen um Podium klammen. Hien ass 10km an 33:05 Minutten gelaf. Mir gratuléieren fir de Championstitel!
D’Liz Weiler konnt eemol méi seng gutt Form enner Beweis stellen (10km an 38:36 Minutten) a sech iwwer eng 3. Plaz bei den Dammen freeën.
Och eis aner Leefer konnte gutt Zäite verbuchen – all d’Resultater fannt dir hei.