23 Medailen ob de Championnats nationaux

Mat 7 x Gold, 11 x Sëlwer a 5x Bronze hunn eis Athletinnen an Athlete vum Cercle Athlétique Dudelange de Weekend ob de Landesmeeschterschafte gutt ofgeraumt.

Mir sinn awer net nëmmen houfreg ob all dës Podiumsplazen, mee och ob all Effort deen zu enger neier Beschtleeschtung gefouert huet, an där gouf et der och genuch. Hei fannt dir all d’Resultater vum Weekend.
Gléckwonsch u jiddereen, elo geet et an déi wuelverdéngte Summerpaus a mir gesinn eis am Hierscht erëm fir den Opbau.

Dem Lara wënsche mir eng gutt Besserung nodeems hatt sech am 4. Essai vu sengem Perche Concours verletzt huet!

  1. Plaatz 🥇
    Liz Weiler 3000 m Steeple
    Jon Bourscheid Héichsprong
    Nadine Kremer Poids
    Mia Bourscheid Héichsprong
    Noémie Pleimling Speer
    Max Wagner Speer
    Lara Marx Stabhéichsprong

    2. Plaatz 🥈

    Jennifer Chaussy 3000m Steeple
    Fanny Goy 1500 m
    Pol Muller Poids
    Olivier Caron Poids (Fédération)
    Nadine Kremer Diskus
    Lilly Gerhard Poids (Fédération)
    Noémie Pleimling Poids
    Hannah Back Weitsprong
    Isabeau Pleimling Hummer
    Olivier Caron Hummer (Fédération)
    Gilles Lorang Hummer

    3. Plaatz 🥉

    Lilly Gerhard Diskus ( Fédération)
    Lara Marx Diskus
    Thierry Kalmus Héichsprong
    Mex Krecké Stabhéichsprong
    Nadine Kremer Hummer