2x Selwer ob den JPEE zu Andorra

Den CAD ass mat zwou Athletinne bei de Spiller vun de klenge Länner zu Andorra vertrueden.
D’Liz ass fir d’éischt un den Depart gaangen am 3000m Steeple. Hat ass laang fir gelaf an zesumme mat senger Verfollgerin, ass den Ofstand zum Recht vum Feld ëmmer méi grouss ginn. Um Enn hat d’Athletin aus Zypern d’Nues knapp fir an d’Liz gewënnt an 11:22.62 Minutten d’Sëlwermedaile.

Parallel zu där Course ass d’Speerwerfe mam Noémie lassgaangen. Mat 50m73 klëmmt och hat ob déi 2t Marche vum Podium.

E grousse Bravo un eis Athletinne fir déi gutt Leeschtungen.