4 Diddelenger U14/U16 Athlete vun der FLA selektionéiert

Véier vun eisen Nowuess Athlete goufen am Februar fir de Match International Jeunes Indoor an de Kategorien U14 an U16 selektionéiert.
60m Hürden (U16m): Julien Edmond John SCHMIT
1000m (U16m): Gabriel DE MENEZES CARVALHO
Wäitsprong (U16f): Sophie FOLSCHEID
Héichsprong (U14f): Caroline Kyra SANDT

Beim Match International Jeunes Indoor hunn sech 10 Equippen aus der Groussregioun géinteneen gemooss. D’FLA konnt dës Renconter souwuel bei de Meedercher, wéi och bei de Jonge fir sech entscheeden. Eng flott Erfarung fir eis jonk Liichtathleten. All d’Resultater fannt dir hei.

© Harry Daemen