45. Tour de Dudelange

45. Tour de Dudelange / 10km Stroosselafmeeschterschaften

Informatiounen zur Course

Datum: Sonndes, 19. Mäerz 2023

Uert: John F. Kennedy Stadion, Diddeleng

Distanz: 10 km, asphaltéiert Stroossen an deelweis Bëschweeër

Vestiairen a Sekretariat: John F. Kennedy Stadion, Diddeleng (kuckt w.e.g. d’Kaart hei ënnendrënner)

Zäitnam: Mat engem Ewee-Chip deen am Dossard integréiert ass, an dee bei de Virumeldungen a bei de Nomeldungen mat abegraff ass.

Tariffer: Fir eng Virumeldung déi iwwert eng Online-Umeldung bis spéitstens de 27. Februar 2023 era komm ass: 10 EUR
Fir eng Virumeldung déi iwwert eng Online-Umeldung nom 27. Februar a bis spéitstens de 15. Mäerz 2023 era komm ass: 12 EUR
Däer sidd gebieden Är Virumeldung online oder per Virement op ee vun de Bankkonten z’iwwerweisen (de Virement ass aktuell temporär net disponibel).
Nomeldungen op der Plaz den Dag vun der Course si méiglech ab 13:30 fir e Präis vun 15 EUR (Cash, Payconiq oder Kreditkaart).

Bankkonten: BGLL LU52 0030 1182 4440 1000 a BCEE LU57 0019 7000 0333 9000

Kannercoursen: Am Viirfeld vun der 10km Course ginn et gratis Kannercoursen vun U8 bis U14. Benotzt w.e.g. de Formular méi wäit ënnen op der Säit fir Är Kanner unzemellen.

Meeschterschaften 10km: Wann Der bei den Nationalen 10km Meeschterschaften mat maacht, muss Är Umeldung vum Veräin validéiert ginn an Däer musst eng gülteg Kompetitiounslizenz hunn! Kuckt Iech hei de Reglement zu de Meeschterschaften un. Opgepasst, d’Cloture vun den Aschreiwungen fir d’Meeschterschaften ass den 13.03.2023 um 24:00!

Parcours: Lued de Parcours vun der Course erof fir Är GPS Smartwatch: TCXGPX

Elo aschreiwen!

Coursen
15:15Mini Race (725m), gebuer 2017-2019
15:20Benjamin:e:s U10 (725m), gebuer 2015-2016
15:25Débutant:e:s U12 (1450m), gebuer 2013-2014
15:35Scolaires U14 (1450m), gebuer 2011-2012
16:0046. Tour de Dudelange

Parcours:

Accès: Mäer recommandéieren den ëffentlechen Transport, dee gratis zu Lëtzebuerg ass, ze benotzen fir op d’Plaz ze kommen. Den Zucharrêt Dudelange-Burange (1 Zuch all 30 Minutten) an d’Bus-Arrêten vun den TICE Linnen 8 a 9 (all Stonn bedéngt) leien op manner wéi 650m vum Terrain.

Mäer wëllen drop hiweisen datt den Organisateur net ka responsabel gemaach ginn fir all Zort vun Incident déi virun, wärend oder no de Coursen statt fannen.


Umellung Kannercoursen

Viirumeldungen si net méi méiglech, mä Nomeldungen op der Plaz si nach bis 15:00 méiglech.


Gewënner vun de viregten Editiounen

2023Yonas Kinde (Celtic Diekirch)32'22"Tetyana Vernygor (CS Luxembourg)38'01"
2022Bob Bertemes (Celtic Diekirch)32'15"Eva Daniels (CAEG)35'54"
2020Charel Grethen (CS Luxembourg)31'19"Irine Jalagat36'25"
2019Max Lallemang (CA Fola)33'15"Liz Weiler (CAD)39'42"
2018Yonas Kinde (Celtic Diekirch)32'24"Liz Weiler (CAD)39'15"
2017Yonas Kinde (Celtic Diekirch)30'55"Martine Melina (Celtic Diekirch)38'09"
2016Yonas Kinde (Celtic Diekirch)31'51"Nathalie Da Ponte (ASSA)37'24"
2015Yonas Kinde (CA Belvaux)31'02"Nathalie Da Ponte (ASSA)35'53"
2014Yonas Kinde (CA Belvaux)32'57"Nathalie Da Ponte (Celtic)35'45"
2013Peter Wanjiru (Ind.)30'20"Ferahiwat Koenigs (Celtic)37'59"
2012Omar Errachidi (Longwy)32'20"Claudine Bausch (CAD)41'45"
2011Hicham Adibab (CA Fola)32'41"Nancy Gasperini (Celtic)40'18"
2009Fränk Schweitzer (Ind.)33'43"Tania Harpes (CAD)38'55"
2008Christian Molitor (Celtic)32'28"Tanja Schmidt (LC Saucony Saar)38'37"
2007Abdel Tayss (ASSA)32'19"Stefanija Vilniute (ASSA)36'53"
2006Omar Errachidi (CSL)33'28"Nathalie Loubele (BBS)35'52"
2005Omar Errachidi (CSL)32'16"Stefanija Vilniute (ASSA)37'27"
2004Omar Errachidi (CSL)31'21"Stefanija Vilniute (ASSA)37'08"
2003Omar Errachidi (Ind.)32'03"Pascale Schmoetten (Celtic)37'31"
2002Eddi Vandeputte (RCA Spa)31'37"Line Dupont (Celtic)38'22"
2001Rischard Mutay (Kenya)29'23"Pascale Schmoetten (Celtic)37'57"
2000Jacqson Korir (Kenya)30'19"Lwiza John (Tansania)35'52"
1999Alain Vandercammen (Celtic)31'32"Christine Miltgen (Spora)37'42"
1998Uwe Hartmann (GER)32'05"Nancy Kemp (Tri-93)37'34"
1997Wolfgang Koch (GER)30'40"Josée Lorsché (CAD)39'28"
1996Jhemp Ernzen (CAEG)30'36"Tania Fransissi (Fola)36'21"
1995Thierry Jacob (CAL)31'37"Monique Modert (RRE)38'40"
1994Gerdy Roose (CAL)32'05"Danièle Kaber (RBUAP)35'28"
1993Gerdy Roose (CAL)31'02"Danièle Kaber (RBUAP)35'44"