“Alle guten Dinge sind 3“ fir de Pol Stoffel
Och bei de leschten dréi Crossen (vum CSL, dem CAB an der FOLA) hunn erëm vill Diddelenger d’Faarwe vum CAD héisch gehalen. Besonnesch d’Meedercher an d’Jongen aus de Kategorien Debutant a Scolaire ware staark vertrueden an hunn sech och gutt präsentéiert.
Ervir hiewe wëlle mer op dëser Plaz déi super Leeschtunge vum Pol Stoffel (Cadet), deen no zwou 2. Plazen op de Crosse vum CSL an dem CAB dëse Weekend bei der Fola op déi 3. Plaz koum an mëttlerweil ee routinéierte Podiumsgänger ass.
Och d’Lou Folscheid (2. Plaz Debutants) huet et bis op de Podium gepackt a mam Dylan Meyers (7. Plaz Minimes) an dem Leonie Bressler (9. Plaz Cadette) koumen nach 2 aner Leefer an d’Top-10.
De CAD ass houfreg op d’Leeschtunge vu senge Leefer während dem éischten Deel vun der Cross-Saison a wënscht hinnen all eng schéi Chreschtpaus. Elo gëllt et d’Been e bëssen héisch ze leeën, ier et de 16.Januar zu Gréiwemaacher weidergeet