Bronze fir den Tom Habscheid!

Den CAD Athlet Tom Habscheid wees zu Paräis op de Paralympeschen Spiller sportlech z’iwwerzeegen, a stéisst d’Bomm op exzellent 14.97m, a sëchert sech domatt déi 3. Plaz an engem staarke Concours. Gläichzäiteg setzt hien mat der Distanz e neien paralympeschen Rekord an der F63 Kategorie. Staark sportlech Leeschtung a Felicitatiounen!