CAD-Athleten mat der Nationalequip am Asaz
De leschte Weekend ass d’Lëtzebuerger Delegatioun op Maribor gereest fir un den Ekippe-Europameeschterschaften – 3. Divisioun deelzehuelen. De CAD war mat fënnef Membere vertrueden: Lara (Stafhéichsprong), Liz (3000m Steeple), Noémie (Speer), Fanny (1500m) a Max (Speer).
D’Lara Marx ass ënnert schwéiere Wandkonditioune 3,00 m gesprongen. Hat huet säi Concours roueg a souverän gemeeschtert an eng 5. Plaz ereescht, déi 11 Punkte fir Lëtzebuerg bréngt.
D’Liz Weiler ass gläichzäiteg mat der Athletin aus Andorra iwwer d’Arrivée gelaf – béid hu mat enger Zäit vun 11:35,11 d’3000m Steeple ofgeschloss. Am Ranking gëtt hatt als ex-aequo 3. klasséiert, wat 12,5 Punkte fir Lëtzebuerg bedeit.
D’Noémie Pleimling ass séier an de Speerconcours erakomm an huet sech direkt beim zweete Worf mat 50,45 m op déi 2. Plaz gesat. Eng Leeschtung déi hat am weidere Verlaf vum Concours confirméiert huet.
Iwwer 1500 m ass d’Fanny Goy d’Course gutt positionéiert gelaf an huet an der leschter Ligne droite e flotte Schlusssprint gemaach, fir eng verdéngt 5. Plaz ze erzielen.
De Max Wagner huet de Speer op 43,78 m geworf a bréngt domat 3 Punkten un d’Ekipp.
No 20 Disziplinne kënnt Lëtzebuerg op déi 2. Plaz am Endklassement mat 410 Punkten, hannert engem staarken Island (461,5 Punkten). Bosnien hëlt no méi spéit unerkannte Reklamatioun déi 3. Plaz mat 382 Punkten.
E grousse Bravo un déi ganz Lëtzebuerger Ekipp – a speziell un eis CAD-Athleten – fir déi flott 2. Plaz an der 3. Divisioun an den Opstig an d’2. Divisioun!
© Texte et photo FLA