CAD Generalversammlung 2023

D’Generalversammlung 2023 vum CA Diddeleng gouf de Samschdeg 16. Mäerz 2024 am neien Hall Polyvalent zu Diddeleng ofgehalen virun ongeféier 75 Memberen, Sportler, Frënn a Gäscht.

Agangs der Generalversammlung huet d’Presidentin Josée Lorsché deem am Januar verstuerwenen, laangjärge Comitésmember an Offiziellen, dem Pit Biver, geduecht.

Dono huet d’Josée Lorsché d’Gäscht begréisst an huet d’Introduktioun zu der Versammlung gemaach. D’Presidentin huet all de Comitésmemberen, den Trainer, den Athleten an de Benevolen e grousse Merci ausgeschwat, fir déi ausgezeechent Aarbecht déi se déi läscht Saison geleescht hunn. Verschidden Aktivitéits- a Keeseberichter goufen vum Marie-France Saeul, Olivier Boussong a Claude Schaeffer virgedroen.

De Fabio Secci huet am Numm vun der FLA dem CAD Merci gesot fir säin Engagement iwwert déi läscht Saison. D’Presidentin vum CA Bieles, d’Anouck Ewerling, huet speziell déi frënschaftlech Bezéiungen tëscht deenen zwee Minettsveräiner erviirgestrach. D’Schäffin Josiane di Bartolomeao-Ries huet dem CAD e grousse Respekt ausgestallt, an och déi nächst Schrëtter am Projet Indoorhal erkläert.

D’Gemengeverwaltung war weider duerch de Marc Meyer, Gemengerotsmember, awer och engagéierten CAD’ler, vertrueden.

Ganz vill Sportler goufen geéiert fir hier gudd Leeschtungen oder fir hier Participatioun, allen virop: d’Nadine Kremer an d’Lara Marx fir hier nodréiglech unerkannten Landesrekorder, den Oli Boussong an de Pol Stoffel fir hier Landesrekorder vun dësem Joër, an den Tommy Bourscheid fir säin Titel als Europameeschter M45.

D’Generalversammlung gouf ofgeschloss mat der traditioneller an iwwert de Veräin eraus bekannter Spaghetti.