CAD Generalversammlung 2025

D’Generalversammlung 2025 vum CA Diddeleng gouf e Sonndeg 8. Mäerz 2026 am Hall Polyvalent zu Diddeleng ofgehalen viru gutt 85 Memberen, Sportler, Frënn a Gäscht.

Dëss Eiregäscht waren vertrueden: De Loris Spina fir de Schäfferot, de Marc Meyer, d’Michèle Kayser-Wengler, d’Semiray Ahmedova an den Yves Steffen vum Gemengerot, d’Zeynaba Weber vum Gemengerot vu Zoufftgen, de Walter Berettini fir de Syndicat d’Initiative, de Fabio Secci fir d’FLA an d’Anouck Ewerling fir den CAB.

D’Presidentin Josée Lorsché huet d’Gäscht begréisst an huet d’Introduktioun zu der Versammlung gemaach. D’Presidentin huet all de Comitésmemberen, den Trainer, den Athleten an de Benevolen e grousse Merci ausgeschwat, fir déi ausgezeechent Aarbecht déi se déi läscht Saison geleescht hunn. Méi kritesch Wieder gouf et zum Thema Indoorhal-Chantier. Verschidden Aktivitéits- a Keeseberichter goufen vum Marie-France Saeul, Claude Schaeffer, Tom Michels an Olivier Boussong virgedroen. Déi nei Statuten goufen an der Versioun vum 18. Januer ugeholl, ouni Géigestëmm vun de Memberen déi present waren.

Ganz vill Sportler goufen an enger flotter Zeremonie geéiert fir hier gutt Leeschtungen oder fir hier Participatioun. Speziell Präisser goufen et fir d’Liz Weiler an d’Noemie Pleimling fir hier Sëlwermedaill zu San Marino, an d’Liz gouf och nach als Member vum Joër ausgezeechent.

D’Generalversammlung gouf ofgeschloss mat der traditioneller an iwwert de Veräin eraus bekannter Spaghetti “vum Gaby an Team”, dëss Kéier och mat enger exzellenter Veggie-Zooss.