Championnat: Medailen, Podiumen, Championstitelen a Rekorder

2 Weekender hannertenee waren eis Athleten ob Landesmeeschterschafte vertrueden a missten sech net verstoppen.

Ugefaange mam Championnat den 28-30 Juni. D’Liz Weiler huet Freides owes am 3000m Steeple den éischten Titel fir den CAD gewonnen an et sollt net de leschte bleiwen. Virun allem Samschdes haten eis Liichtathleten e gudden Dag erwëscht a bal jidderee konnt mat enger Beschtleeschtunge glänzen, déi dacks och mat Medaile belount gouf : d’Fanny ob den 800m (=neie Klubrekord) a 1500m, de Mex am Dräisprong (=neie Klubrekord) an ob den 200m, de Jon am Héischsprong, de Luca ob den 100m an 200m, d’Nadine am Diskus, d’Hannah ob den 100m.
All d’Resultater vun den 3 Deeg Championnat fannt dir hei.

De Weekend duerno ware bei de Mehrkampf Meeschterschafte mam Michael, Dylan, Mex, Jon a Mia 5 vun eisen Athleten um Start an duerno och alleguer um Podium. Ervir ze hiewe sinn dat spannend Duell tëscht dem Michael an dem Jon, dat de Jon um Enn fir sech entscheede konnt, an de Mex deen alt erëm zwee Klubrekorder gebrach huet,
All d’Resultater vum Mehrkampf Championnat fannt dir hei.