Cross Championnat bei beschtem Wieder

Leschte Sonnden war bei beschten Wieder de Cross Championnat zu Ettelbréck. Virun allem eis Jongen/Männer ware stark vertrueden an aus hire Reihen koum och dat beschte Resultat. Mir gratuleieren eisem Junior, dem Kevin Bertold, fir seng 3. Plaz. All d’Eenzel- an Equipenresultater vun den ënnerschiddlechen Alterskategorien fannt dir hei.

De selwechten Dag ass d’Brenda e bëssen méi wäit gefuer fir seng Course an ass de Semi Marathon zu Paräis matgelaf. An 1:40:41 ass hat een top Chrono gelaf.