De Start an d’Indoor Saison
Parallel zu de Crossen huet elo och d’Indoor Saison ugefaangen. De Weekend war de Meeting Regio 2 an der Coque, wou besonnesch eis Jugend bewisen huet, dass de Wantertraining seng Friichten dréit.
Allem viraus de Matteo Belluci (Junior), deen op der 400m den Zweete gouf, an dat an 52,12 Sekonnen – enger Beschtleeschtung vu ganzen 2 Sekonnen. Donieft ass hie mat 7,79 Sekonnen och op der 60m eng nei Bescht gelaf.
Och eise Cadet Luca Costantini huet sech gutt präsentéiert a koum an enger Zäit vu 7,97 Sekonnen an d’60m Finall.
Bei den Damme kann een de gudde Start an d’Saison vum Mia Bourscheid ervir hiewen, dat 1m61 héisch gesprongen ass an domat dat gutt Zweet gouf.
De Meeting Regio 3 gouf coronabedingt ofgesot. Weider geet et an der Hal da fréistens den 22.1 mam Meeting Regio 4.
Foto: © Georges Forster