Débutant(e)s-Scolaires Feier 2025
E Samschdeg 13. Dezember, war eis traditionellt Fest fir d’Débutant(e)s a fir d’Scolaires, fir se fir hier Saison 2025 auszezeechnen. Vill jonk Athlet:innen waren um Rendez-vous, an hunn no engem flotte Nomëtteg an der Schwëmm an der Bierenger Hal gefeiert. Déi jonk Athleten kruten hiren Champions Méritants Präis. Eng weider Belounung gouf et mat enger exzellenter Pasta déi vum Gaby, Jean-Paul, Tessy a Steve preparéiert gouf. Felicitatiounen un all eis jonk Athleten!









