Déi éischt gutt Leeschtungen am neie Joer

Dëse Weekend war de Regio Meeting 3 an der Coque.
De Yanis Braze start seng Liichtathletik Karrär wéi e Blëtz a konnt sech a senger zweeter 60m Course mat 7,43s direkt em iwwer 1/10 verbesseren. De Luca Costantini ass mat 7,60s eng nei PB gelaf. D’Lena Koch ass op den Dreistouss emgeklommen a stéisst a sengem eischte Kugel Meeting mat der neier Technik 8m29. Den Olivier Caron stéisst an der selwechter Disziplin 13m64 an de Pol Muller 8m83. D’Leonie Bressler ass op de 400m dat Zweet ginn an 63,50s, d’Jongen laafen respektiv 55,55s (Dylan Meyers) an 61,09s (Henri Weydert). De Mex Krecké leeft op der halwer Distanz 25,57s a gëtt domat den Drëtten. Déi selwecht Plazeierung ass op der 600m erausgesprongen, déi hien an 1:35,53 Minutten leeft. D’Mia sprengt 1m66 a gëtt domat 1t ex aequo.

© Dany Wallenborn