Den CAD sicht Liichtathletikstrainer
Ganz no der Devise : « Traditioun, um Wee no vir. »
Säit senger Grënnung am Joer 1932 kann den CA Diddeleng (CAD) op vill Erfolleger zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun houfreg sinn. De Veräin CAD ass ënnert anerem bekannt fir seng vill Liichtathletik-Kompetitiounen um Kennedy-Stadion, seng Worfmeetinger zu Zoufftgen (F), säin Tour de Dudelange (10 km Stroosselaf) a säit 2011 fir säin Trail (15 km Trail duerch d’Naturreservat Haard). De Veräin huet ca. 300 aktiv Sportler an ca. 500 Memberen insgesamt. Nieft der Liichtathletik huet den CAD och eng Triathlon-Sektioun.
Den CAD sicht Trainer fir seng Sektiounen Débutants U10/Scolaires U12 (9-12 Joer) a Minimes bis Senioren (ab 13 Joer). Hien oder si muss d’Liichtathletik Traininger animéieren, beopsichtegen an duerchféieren.
Uert: J.F. Kennedy-Stadion L-3502 DUDELANGE
Trainingsplang:
Débutants/Scolaires: Dënschdes an Donneschdes vun 17:00-18:30
Minimes-Senioren: Méindes-Freides ab 18:00
Erfuerderlech Fäegkeeten:
- Fäegkeet, jonk Mënschen an hirer sportlecher Ausbildung ze féieren, ze coachen, ze trainéieren an ze begleeden
- Tëschemënschlech Fäegkeeten
- Begleeden vun de Jugendlechen an der Kompetitioun
- Mat dem Trainerteam bei der Organisatioun vu Meetinger zesumme schaffen
- Participatioun um Clubliewen an okkasionnelt Agräifen an d’Evenementer, déi vum Veräin organiséiert oder ënnerstëtzt ginn
Fir weider Informatiounen kontaktéiert w.e.g. d’Madamm Danielle LORANG-SAEUL per E-Mail ënnert comite@cadudelange.lu oder telefonesch ënnert 691 488 712.