D’Fanny leeft schonn nees Veräinsrekord

Nodeems d’Fanny den Interklub krankheetsbedéngt verpasst hat, wéist hat Weekend fir Weekend, dass hat gutt a Form an hongreg ass – hongreg ob Rekorder.
Beim Atheo Meeting zu Stroossbuerg ass hat de Weekend vum 8 a 9 Juni d’1500m a 4:40:90 Minutten gelaf an huet domat säin eegene Veräinsrekord, deen hat eréischt d’lescht Woch opgestallt huet, em 2 Honnertstel verbessert.
De Weekend drop huet hat säin Exploit widderhol, dës Keier ob der 800m. An 2:15:59 klappt hat den ale Rekord vum Martine Wagner aus dem Joer 1982!

Mir sinn gespaant wou eis Veräinsrekorder um Enn vun der Saison léie wäerten 🙂