D’Indoor Saison ass lass !

Dezember ass traditionell den Ufank vun der Indoor Saison mat den éischte Regio Meetinger. Hei e kuerze Réckbléck iwwer eis Athleten déi sech an den Top10 placéiert hunn.

Regio Meeting 1 (17.12.22)
21 CAD Athleten aus allen Altersklassen hunn direkt bei der éischter Occasioun d’Chance ergraff an hunn sech op der Piste presentéiert.
Besonnesch gelongen ass dëse Start am Héichsprong dem Jon Bourscheid (U20, 1m85), dem Luca Costantini (U18, 1m80) an dem dem Eve Lambert (U16, 1m46), esou wéi am Wäitsprong dem Elodie Bissen (U16, 3m97). Den Thierry Kalmes (U16) huet direkten en duebele gudde Start higeluecht mat 1m50 am Héichsprong a 4m43 am Wäitsprong.
Och de Krecké Mex (U16) huet direkt e puer Tier op der Pist gedréit mat 20,78sek op den 150m an 3:16,28 Minutten op den 1000m. De Matteo Bellucci huet sech op den 300m alignéiert an ass a 35,8 Sekonnen an d’Zil gelaf.

Regio Meeting 2 (23.12.2022)
Och eng Woch drop hunn 20 vun eise Liichtathleten de Wee an d’Coque fonnt. D’Eve Lambert huet seng 1m46 am Héichsprong aus der viregter Woch bestätegt. D’Lena Do Carmo (U18) ass eng Lat méi héisch gesprongen (1m50). De Mex Krecké huet sech dës Kéier iwwer d’Hürde bewisen a koum an 10,73 an d’Zil. Duerno ass en nach eng 600m gelaf an 1:44,55. De Olivier Boussong ass d‘60m flaach an 7,27 Sekonne gelaf, de Luca Costantini a 7,73 an de Jean-Claude Wallenborn (Masters) an 10,13.
De Regio Meeting 2 war den éischte Meeting fir eis Kugelstousser an déi sinn an der Jugend zu vill ugetrueden : Louis Bellini (U16, 7m68), Lena Koch (U16, 7m78), Lény Villain (U16, 6m07). Fir d‘Claire Hagen (8m34) war et den éischte Meeting iwwerhaapt an hat huet direkt d‘8m Mark iwwertraff. Fir de Marc Meyer war et de Retour an de Kugel Krees no enger Rëtsch Jore Paus an deen ass mat 11m57 definitiv gelongen.

De CAD freet sech op dës Indoor Saison mam Championnat den 19 Januar als Héichpunkt a wënscht jidderengem e schéint an erfollegräicht Joer 2023.

© Henri Weyer, Georges Forster