Eis Pirate gewannen olympescht Gold

Passend zum Olympia Joer 2024 war den Interclub vun den Diddelenger Veräiner dëst Joer ënner dem Motto Olympia.
Eis olympesch Athleten d‘Lara, d‘Daphnée, d‘Caroline, de Wes, de Yannick an de Roy an hire Kapitän de Fabio hunn sech dëst Joer a 5 Disziplinne géint déi aner Veräiner gemooss : Schéissen, Gewiichthiewen, Marathon, Wäitsprong an Tennis.
Och dëst Joer ass dem CAD den Exploit géint déi aner Diddelenger Veräiner gelongen. Fir drëtt Kéier hannertenee konnte mir den Interclub fir eis entscheeden an d‘Goldmedaile mat op de Kennedys Terrain bréngen – an dëst Joer ass et eng olympesch Goldmedaile.